News
Lescht Ännerung: 18.07.2008
Iech All Eng Schéi Vakanz !

D'Parblat (am PDF Format) fannt Dir lénks ënnert 'Parblat'
Den Agenda vum Veräinshaus bis September ass do!


Parbüro a Parblat an der grousser Vakanz


Wéinst de Summercongéen an der Par, erlabe mir eis schons elo drop hinzeweisen, datt Massen, déi op d’Parblad vum Juli/August solle kommen, nach virum 17. Juli am Parbüro musse bestallt ginn.

De Parbüro bleift fir Massebestellungen vum 5. August bis den 22. August inclus zou.

Bei dringende Fäll si mir natiirlech ze erreechen

  • um Tel. 51 15 46 (Paschtoueschhaus) oder
  • um Tel. 51 16 86 (Schwesteren).
  • No de Massen kann e Geeschtlechen jeweils an der Sakristei erreecht ginn!

An der grousser Vakanz kommen 2 Parblieder eraus
an zwar vum 19.07-17.08. a vum 16.08.-07.09..

Am viraus soen mir villmols Merci fir äert Verständnes
a wënschen Iech all eng schéin an erhuelsam Vakanz
a freeën eis Iech all am September gesond a monter erëmzegesinn.


Programm vun de Gottesdéngschter
an der grousser Vakanz
vum 19. Juli bis den 7. September 2008 inclus


Dag
Zäit
Wou
Samschdes
18h00
Bireng
19h00
Parkierch
Sonndes
09h30
Butschebuerg
10h30
Parkierch
Méindes
10h00
Altersheim
Dënschdes
09h15
Parkierch
Mëttwochs
18h00
Biréng
Donneschdes
09h15
Parkierch
Freides
18h15
Parkierch

Dernière messe en italien le samedi, 19 juillet 2008 à 17h00

Reprise des messes en italien le samedi, 13 septembre 2008

Dernière messe en portugais le dimanche, 20 juillet 2008 à 09h30

Reprise des messes en portugais le dimanche, 7 septembre 2008


Kanddaf

an der Par Diddeléng


Sonndes, 20. Juli 2008

um 11:30

an der Parkierch

  • Da Conceiçao Luidgi
  • Duarte Laura
  • Ferry Laura
  • Havé Joy
  • Kryeziu Samuel a Louis

Den Datum vun de weidere Kanddafen kënnt Dir lénks ënnert "Kanddaf" fannen.

Paulusjoer fir d’Weltkierch

De Poopst Benedikt huet fir d’Weltkierch e Paulusjoer ausgeruff, dat den 28. Juni ugaangen ass.

De Paulus soll am Joer 08, also virun 2000 Joer gebuer sinn.

D’Paulusjoer ass am Fong eng gutt Weiderféierung vum „Dräischrëtt“.

Gestäerkt mat de Sakramenter droe mir Christus an d’Welt wéi de Völkerapostel Paulus.

Zu Diddeleng gëtt de 26. Oktober den Oratorium PAULUS vum Mendelssohn ofgefouert.



Firmung 2008

D’Firmung 2008 ass dest Joer den 29. November um 18h00 an der Parkierch.

Dofir ass den 17. September eng Eltereversammlung, em 20h00 (Lëtz.) an um 21h00 (Fran.), wou d’Kanner och ugemellt gin.

Den Umeldungsziedel an d’Invitatioun fir d’Eltereversammlung kréien d’Kanner an dësen Deeg an der Schoul vun de Katecheten/innen ausgedeelt.

Dësen Umeldungsziedel ass fir an der Eltereversammlung de 17.September ofzeginn.


E neit Portal fir eis Parkierch
An der leschter Woch gouf dat aalt Portal vun der Parkierch erausgebaut an en neit agesat.
Déi original Fensteren vum Frantz Kinnen goufen erem konschtgerecht agesat.

Hannert dem Portal, bannen an der Kierch, ass och elo e Sas (Windfang) installéiert ginn.
Dat verhënnert am Wanter datt d’Keelt ze schnell an d’Kierch kënnt.

D’Fensteren vun desem Sas däerfen op kee Fall fir Plakater gebraucht ginn.

Mir soen eiser Gemengeverwaltung an hirem Service technique e ganz häerzleche Merci fir des Installatioun.

Elo muss nach d’Beliichtung an der Kierch fir de Wanter nogekuckt ginn.


150 Joer Lourdes


Je suis L'Immaculée Conception

Et war den 11. Februar 1858!

E krankt, aarmt an ongebild Meedchen, d’Bernadette SOUBIROUS, geet an der klenger, bis dohinn onbekannter Stad Lourdes um Fouss vun de Pyrenäen, iwwer de Floss Gave an d’Hecken bei de Fielsen Holz sammelen. D’Familjen ass veraarmt a lieft am fréiere Prisong,  dem Cachot! D’Bernadette selwer konnt net liesen an  net schreiwen, a war „rachitique“ net richteg ausgewuess. Et war net zougelooss ginn fir d’éischt Kommioun mat denen anere Kanner ze maachen. D’Bernadette huet d’Kommioun eréischt spéider am „Orphelinat“ gemaach!

Den 11. Februar 1858 geet d’Bernadette bei de Gave fir Holz ze sammelen. An enger Nische am Fiels steet eng weiss gekleeten „Dame“ a mécht d’Kräizzeechen!
Aus dëser Begéinung virun 150 Joer ass déi grouss international Wallfahrt zur „Notre-Dame de Lourdes“ entstan. Et muss een d’Ambiance an d’Gebiet zu Lourdes erlieft hunn fir dat alles ze verstoen! An desem Jubiläumsjoer begleet den Abbé Robert Sibenaler, kuerz Pilgerfahrten mam Flieger op Lourdes.

Im Oktober 2-tägige Pilgerfahrt nach Lourdes

Warum gerade im Oktober nach Lourdes fliegen?

  • Weil das Städtchen am Fuss der Pyrenäen der meist besuchte katholische Wallfahrtsort ist?
  • Weil es sich 2008 zum 150.Mal jährt, dass die Jungfrau Maria der 14-jährigen Bernadette Soubirous in der Grotte von Massabielle erschien?
  • Oder weil der Oktober der Rosenkranzmonat ist?

Die Pilger werden vor Ort erfahren:
In Lourdes, der Pilgerstätte, wo Himmel und Erde sich näher sind, ist Glaube kein Tabu. Intensive Momente wie die gemeinsame Eucharistiefeier, die Sakraments- oder Lichterprozession, können dort zur persönlichen Begegnung mit Gott werden.

Der 2-tägige Pilgerflug nach Lourdes findet vom 15. bis 16. Oktober statt. Übernachtet wird im 3-Sterne Hotel Padoue vor den Türen der Wallfahrtsstätte.

Geistliche Begleitung: Abbé Robert Sibenaler.

Weitere Informationen unter www.sales-lentz.lu oder in allen Sales-Lentz Reisebüros, sowie unter der Telefonnummer 50 10 50.


Hochzäit an der Par Diddeléng
Lénks fannt Dir e Link zu den ugemellten Hochzäiten vun dësem Joer.

Timbere fir d’Missiounen

Gestempelt a gebraucht Timbere mussen net ewechgehäit ginn. Et kann een se erofschneiden a versuergen. Bei MISSIO Lëtzebuerg kann een se d’ganzt Joer ofginn oder dohinner schécken (dat besuergt de Parbüro).

Eng Sammelkëscht steet hannen an der Kierch beim Dafsteen.

D’Timbere gi verkaaf a mat dem Erléis (am leschte Joer waren dat ëmmerhin 2938 €) gëtt de Kanner an den aarme Länner gehollef.

Si kréien Hefter, Bläistëfter, Uniforme fir an d’Schoul, Medikamenter an eng Bibel fir Jesus Christus kennen ze léieren.


Paraktioun 2007/2008

Ensemble avec l’Action pour un Monde Uni nous entamons notre nouveau projet pour l’année 2007/2008.

Cette année nous avons choisi un projet pour l’aménagement d’un hangar comme annexe médicale en vue d’augmenter la capacité d’accueil du centre médical Moyi Mua Ntongo à Kinshasa.

Vous pouvez soutenir ce projet par un don sur le compte
DEXIA: LU11 0028 2406 4600 0000

avec la mention „Centre médical Kinshasa“.


Eis Gremien a Veräiner Stellen hei Sech Vir