KANNER GESANG-GRUPP

Mécht d'Sangen Dir Spaass a Freed?

Ee Mol am Mount sange mir, begleet vun de Gitaristen, Sonndes Moies um 10:30 Auer eng grouss Kanner-Mass an der Parkierch.

Ee Mol am Mount, Samschdes virun der Kanner-Mass, treffe mir eis fir ze prouwen.

Responsabel vun eisem Grupp sinn:
Simone Schalz
Tel.: 51 61 47
Marguy Braquet
Tel.: 51 56 62

An der Ouschtervakanz fuere mer zesummen mat de Massdinger a Gitaristen fir eng Woch eraus an d'Welt.
Dëst Joer goung et op Barcelona an 2009 ware mir zu Roum.

Virun der grousser Vakanz fuere mir zesummen fir een Dag mat de Massdinger, de Gitaristen an der LKA an een vun de groussen Attraktiouns-Parken.
Dëst Joer geet et den 10. Juli an den Europapark bei Rust.

Wéi kann ech mech umëllen?
1.
Einfach uruffen um 512103 - André Wolter (Responsabel vun der Kannerpastoral)
2.
En E-mail schécken un woltera(at)pt.lu (Den (at) duerch @ ersetzen weg)
3.
Den Umeldungsformular ausfëllen, an deen
  • Am Reliounsunterricht ofginn.
  • No der Mass an der Sakristei ofginn.
  • No enger Kannermass enger Responsabel vum Gesang-Grupp ofginn.
An hei ass den Umeldungsformular.
Weg op de Logo klicken.