Eis Gremien a Veräiner stelle sech vir:

De Liturgiegrupp

Am September 2005 huet de Liturgiegrupp vun eiser Par seng Aarbecht ugefaangen, matt dem Ziel eis Gottesdéngschter méi lieweg a würdeg ze gestalten. Konkret geet et drëms esou wuel déi praktesch Modalitéiten an Ausféierungen ze hannerfroen an nei ze iwwerdenken, wéi och de spirituellen Inhalt esou gutt wéi méiglech jidferengem zougänglech ze maachen.

Mam Wëllen sech net an theoreteschen Iwwerleeungen ze verléieren, goufen konkret Aktioune virbereed, ënner anerem zum Beispill:

  • e Kannereck gouf ageriicht an all Mount nieft der grousser Familljemass e Kanner-Wuertgottesdéngscht initiéiert
  • de Lektoregrupp gouf nei belieft
  • am Kader vum Dräischrëtt goufen verschidde Massen organiséiert an e Fändel entworf fir déi 3 Etappen an eiser Kierch méi präsent ze maachen
  • en neit Kommiounskonzept gouf ausgeschafft fir d’Kanner, vum éischte Schouljoer un, op hirem Wee bei de Jesus ze begleeden
  • am Kader vun der Parwallfahrt op Kevelaer goufen regelméisseg Glawensgespréicher an d’Liewe geruff.

De Liturgiegrupp probéiert och déi grouss Feieren am Kierchejoer ze koordinéieren an déi praktesch Aspekter am Intérêt vun der ganzer Gemeinschaft ze organiséieren.

Kontakt: Änder Wolter

Paraktioun

Eise Grupp Paraktioun vun Diddelwng kuckt op eng Traditioun vun 19 Joer zeréck.
Dëse Grupp huet sech forméiert aus dem Parrot, dee sech asetzt fir de Mënschen an den Drëtt-Welt-Länner ze hëllefen.

De Verlaf vun der Paraktioun:
  • Virstellen vum Projet an alle Massen.
  • Panneau mat Fotoen an Texter vum Projet hannen an der Kiirch.
  • Krëschtbeemchen wou d’Leit kënnen Bastelaarbechten vun de Schoulkanner drophänken.
  • Stand um Krëschtmoart an um Drëttweltmoart.
  • Faaschteniessen op Äschermëttwoch am Veräinshaus.
  • Halleffaaschten verkaafe mir Brezelen.
  • „Diddeleng Hëlleft“ gëtt och eppes bei de Projet bäi.
Mir kënnte nach een oder deen anere Mënsch gebrauchen deen eng Hand bei der gudder Sach mat upaakt.

Kontakt: Hubert Braquet (Tel: 51.89.47)

Fraën a Mammen ACFL

Mir hun 500 Memberen, dorënner e Comité mat 15 Leit an eng kleng Bitzequipe, déi sech Dënschtesnomëttes beschäftegen fir schéin an attraktif Handaarbechten unzefärdechen. Eis Aktivitéiten während dëm Joër sin:

  • 1. Adventssonndeg Kaffisstuff mat Adventsmaart
  • Ufanks März groussen Bazar (2 Deeg) (Verkaaf vun Handaarbechten, Mettesiessen, Kaffi a Kuch)
  • Een Ausfluch während den Summerméint

Mir schaffen fir gutt Zwecker, a sin frou wann mir manner Bemëttelten mol ennert d’Ärm kënne gräifen.

Wichteg: Mir sichen nei Leit fir eise Comité!

Kontakt: Denise Bertemes (Tel.: 51.38.19)

Oeuvres Paroissiales

D’Oeuvres Paroissiales Saint-Martin verwalten an ënnerhalen eegestänneg d’Veräinshaus um Nr. 2 an der Antoine Zinnenstrooss. Mir verlounen un d’Veräiner, d’Gesellschaften an d’Privatleit e schéine, grousse Festsall (Plaz fir +- 350 Leit) mat Bühn, an méi e klenge Sall (de Foyer – Plaz fir +- 50 Leit). E komplett angeriichte Comptoir an eng Abaukichen stinn och zuer Verfügung. Eis Säll eegenen sech fir all Zort vu Manifestatiounen: Versammlungen, Concerten, Baler, Familiefeieren, Ausstellungen, Theaterstécker, a.s.w.

D’Oeuvres Paroissiales organiséieren och all Joer dat traditionnellt DIDDELENGER PARFEST !

Weider Détailler an Informatiounen fannt Dir op : www.verainshaus-diddeleng.net

Kontakt: Norbert Sadler (Tel: 621.727.422)

Parverbandsrot

Der Pfarrverbandsrat ist zuständig für alle pastoralen Belange der Pfarrei.

Auf diese Weise besteht die Aufgabe des Pfarrverbandsrates darin:

  • das Sprachrohr der kirchlichen Gemeinschaft zu sein.
  • unter Beachtung der Gegebenheiten die Verwurzelung des kirchlichen Lebens und der Pastoral zu gewährleisten.
  • an der Entwicklung der Gemeinschaft zu arbeiten, damit diese als Lebensraum des Evangeliums glaubwürdig ist.
In diesem Sinne bemüht sich der PVR darum in Zusammenarbeit mit dem Pastoralteam, das Leben und die Entwicklung unserer Gemeinschaft zu gestalten.

Kontakt: Carlo KEMP (Tel: 52.58.10)

Chorale

Sainte Cécile

Offices religieux des dimanches (10 heures 30), jours de fête et services funèbres. En outre :

  • Pèlerinage à Notre Dame de Luxembourg: messe solennelle (mixte) à la Cathédrale
  • Fête paroissiale avec messe
  • Fête nationale : Te Deum et cortège
  • Fête de la Saint Jean : procession et messe au mont Saint Jean
  • Journée commémorative : messe
  • Fête de la Sainte Cécile : office animé   par les 2 chorales paroissiales et les 2 harmonies locales et dépôt de fleurs au monument aux morts
  • Fête de la Saint Etienne : messe chantée pour les E.D. F et de l’A.P. et dépôt de fleurs au monument aux morts, et apéritif offert par la commune à l’ancien hôtel Hild.

Kontakt: Paul Braquet (Tel: 51.56.62)

Krabbelgottesdéngscht

Den 18. Oktober 1998 war ët esou wäit: mir hun um Späicher vum Kaplounshaus eisen éischte Krabbelgottesdéngscht gefeiert. Am Ufank vun dëser Feier stung eng grouss Portioun Egoismus! Mir – e Grupp vun 5 Mammen – wollten eng Plaaz kréien fir eis kleng Kanner an der Kiirch.

An zënter dëser Zäit feiere mir 10-11 mol am Joer, entretemps an der 2. Sakristei vun eiser Parkierch, an eemol am Joer um Gehaansbierg, mat klenge Kanner tëschent 0 an 8 Joer an hiren Elteren Krabbelgottesdéngscht.

Et gëtt Elementer déi ëmmer t’selwecht sinn : nodeems mir eis begréisst hunn, maache mir zesummen d’Kräizzeechen a fänken eis Krabbelgottesdéngschtkäerz un ; an zum Schluss gi mir während der Eucharistiefeier an d’Mass, fir de Kanner ze weisen, datt de Krabbelgottesdéngscht en Deel vun der grousser Gemeinschaft ass.

Et gëtt Elementer déi ëmmer erëm kommen : mir schwätze mat de Kanner, mir erzielen hinne Geschichten aus der Bibel, Märercher, liese kleng Rollespiller mat Themen aus dem Kiirchejoer an de Joreszäiten no, mir sange Kannerlidder aus eisem Gesangbichelchen an danzen, mir biede mat dem ganze Kierper, a schaffen mat Legematerial an eiser Mëtt.

Ganz wichteg ass eis, datt d’Kanner ëmmer eppes zur Erënnerung un hir Feier mat heem huele kënnen – eng Bastelei, eppes Gemooltes, … .

De Krabbelgottesdéngscht ass fir vill Famillen an och fir eis selwer eng Plaz an der Kiirch ginn, wou mir eis doheem fillen.

Kontakt: Doris Schmoetten (Tel: 51.99.50)

AOD (Amis de l’Orgue) a FIMOD (Festival International de Musique d’Orgue)

Op Initiativ vum Här Paschtouer Robert Sibenaler 1988 gegrënnt, hunn d’AOD d’Renovatioun vun der Uergel geplangt a mat Hëllef vun der Kiirchefabrik, der Gemeng Diddeléng, an dem Kulturministär duurchgezunn. Viru 5 Joer gouf déi renovéiert Uergel vum Här Erzbëschof ageweit. Zënter 2002 animéieren d’AOD den Uergelfestival FIMOD deen déi gréissten Organisten aus der Welt unzitt:

  • Säit 2002: 60 Concert’en, 15 CD, 2 DVD, a weider 8 CD sinn ënnerwee.

2007 ass en éischten Internationalen Uergelconcours, e Projet mam Stempel vun „Lëtzebuerg a Groussregioun – Europakulturhaaptstaad 2007“. (Uergelmusek ass am Allgemengen geeschteg Musék, komponéiert vun bekannten klasseschen Organisten J.S. Bach, L. Vierne etc, awer och zäitgenössesch Organisten wéi Naji Hakim( huet d’Uergel 2002 agespillt) an Thierry Escaich (huet den 17. Juni 2007 gespillt)

Kontakt: http://www.orgue-dudelange.lu

Kannerwuert-Gottesdéngscht

Een vun de neie Projeën vum Liturgiegrupp vun eiser Par sin d’Kanner-Wuert-Gottesdéngschter. 8mol am Joer bereeden (zanter Dezember 2005) 16 Mammen, déi ëmmer zu zwee zesummeschaffen, dës Kanner-Wuert-Gottesdéngschter vir. Während der Mass, beim Gloria, ginn d’Kanner aus dem Kannereck vu 4 Massendénger ofgeholl, a ginn zesummen mat den Elteren an dem Virbereedungsteam an d’zweet Sakristei. Hei kréien d’Kanner d’Evangelium, d’Liesung oder och de Psalm vun dësem Sonnden kandgerecht erzielt. Der Fantasie vun de Virbereedungsgruppen si keng Grenze gesaat : iwwer sangen, bastelen, molen, mateneen schwätzen, erzielen, Biller weisen, … ass alles méiglech. Virun der Eucharistiefeier kommen d’Kanner zeréck an d’Mass.

D’Kanner-Wuert-Gottesdéngschter riichten sech u Kanner bis zum 2. Schouljoer.

Kontakt: Mariette Backes (Tel:26.51.35.48)
Doris Schmoetten (Tel: 51.99.50)

Chorale St. Martin

Virun 70 Joër huet eise Veräin nach « Chorale des jeunes filles » geheescht, deemools duerfte just onbestuete Fraën an Meedercher an der Chorale sangen. Am Laf vun de Joëren huet dat sech awer geännert, elo sange jong Meedercher an Dammen vun all Alter bei eis an ët dierf een elo natierlech och bestuet sinn. 
Eis Haaptaufgab als Chorale besteet doran, fir d’Massen an der Kiirch mat eisem Gesank ze verschéineren an déi geschwate Wierder vun eise Geeschtlechen gesanglech ze ënnersträichen.  Mir sangen d’Samschdesowesmass um 19:00 Auer, Requiem’en, Hochzäiten an och bei anere grousse Feieren am Kierchejoër si mir dobäi. 
Donneschdesowes vun 20:00-22:00 Auer prouwe mir all Woch an eisem Sall am Veräinshaus (ausser an der grousser Vakanz).
All 2-3 Joër hu mir och e Concert um Programm, entweder e Concert Spirituel oder e Concert matt weltleche Melodien.
Mir sinn eng ganz dynamesch Equipe a leeën och ganz vill Wäert op dat gesellegt Beiëneesinn ausserhalb vun eisen Aufgaben als Sänger. Dat maache mir ënnert anerem bei eisem alljähregen Ausflug, bei eiser Agape, wou mir eise Patréiner den Hellege Martinus feieren oder wa mir no der Prouf zesummen e Patt drénke ginn. Eis Dieren stinn op fir jiddereen dee gäeren a richteg séngt. Och wann ee keng Noute liese kann, ass ee bei eis Wëllkomm. Mir freeën eis iwwert all neie Member, dee mir an eiser Chorale ophuele können.

Kontakt: Simone Schalz-Kirsch (Tel: 516147)
Monique Biren-Kettel  (Tel: 519195)

Bibel-Owend

Eemol am Mount ass Bibelowend bei der Sœur Edith an hirem Büro.

Mir liesen zum Beispill d’Evangelien a kréien Erklärungen derzou. Mir kommentéieren de Moment d’Enzyklika vum Poopst Benedikt XVI :

« Deus Caritas est ». Mir schwätzen iwwer d’Sozialwuert vun der Kiirch a wat nach soss aktuell am Kiirchejoer  ass.

Gewéinlech treffe mir  eis  Mëttwochs vun 20:00 bis 21:30 Auer.

All Alterskategorie ass vertrueden.

Kontakt: Schwëster Edith (Tel. : 52.51.47)

Kommioun- a  Firmungshelfer

All Joers gin tëschent 140 – 180 Kanner an eiser Par op d’Sakrament vun der Eucharistie an der Firmung virbereet. Dës Virbereedung op déi 2 Sakramenter geschitt an der Schoul am Reliounsunterricht duerch eis Katechetinnen a Katecheten awer och zum groussen Deel an der Par selwer. Eng 54 bénévol Mataarbechter a Mataarbechterinnen ziele mir an eiser Par, déi sech Joer fir Joer bereet erklären d’Kanner op dës 2 wichteg Sakramenter virzebereeden.

An de Gruppestonnen ( 7 Stonnen bei der Firmung an 9 Stonnen bei der Eucharistie) , an de Statiounsgottesdéngschter, an de Weegottesdéngschter, op engem Besënnungsdag am Klouschter vun de Franziskanerinnen um Belair begleeden si dës Kanner a Jugendlech. Duerch hirt Engagement weisen si hinnen wéi ee konkret de Glawen liewe kann. An engem gewësse Sënn sinn si fir si Virbiller am Glawen, Zeien vun der Léift vu Jesus Christus. Kommioun- a Firmungshelfer ass een vun deene wichtegsten Dingschter déi eis Par liewen deet.

Kontakt: André Wolter (Tel : 51.21.03)

Kannerpastoral

  • Sonndeg fir Sonndeg, eng Familjemass
  • Dënschdeg fir Dënschdeg eng Kannermass
  • eemol am Mount eng grouss Kannermass
  • Nomëtteger mat Kanner
  • Krabbelgottesdéngschter a Wuertgottesdéngschter fir déi Kleng
  • Kannereck
  • Martinus-, Franziskus-,Liichtmessdags-feier
  • a villes méi

...  ëmmer am Dingscht vun der Pastoral fir eis Kanner.

Mat engem groussen Asaz verbonne mat vill Stonne vu Virbereedung schafft de Grupp vun der Kannerpastoral fir datt an eise Gottesdëngschter och d’Kanner hir Plaz hunn an sech wuel spiren an eise Feieren. Et sinn bénévol Mataarbechter déi mat hirer Aarbecht ee Stéck un der Gestaltung vun eiser Par mathëllefen. Fir all Hëllef, all Idee oder all neie Mataarbechter ass ëmmer Plaz an dem Grupp Kannerpastoral.

Kontakt: André Wolter (Tel : 51.21.03)

Massdénger

  • Massdinger,ee flott Engagement fir Kanner a Jugendlech an eiser Par. 87 Kanner a Jugendlech hun sech an eisem Grupp engagéiert fir esou op hir Manéier op de Ruff vu Jesus ze lauschteren: „Komm, ech brauch dech.“ Den Dingscht an der Kierch, den Dingscht an de Gottesdéngschter, dat ass hir Missioun déi si mat groussem Äifer maachen.Si stinn ënnert der Leedung vun engem Team an treffen sech regelméisseg Samschdes an der Kierch fir hir Versammlungen (an der Regel all 3 Wochen), muerges vun 10.30 Auer bis 11.45 Auer fir déi kléng Massdinger, vun 19.45 Auer bis 21.00 Auer fir déi grouss Massdinger. Eng Rei vun Aktivitéiten niewent hirem Dingscht an der Kierch stinn am Laf vun engem Aarbechtsjoer op hirem Programm:

    • Spéitschichten,
    • Besënnungsdeeg fir déi grouss Massdinger,
    • Klibberen,
    • d’ Lasagneaktioun,
    • d’Krëppespill,
    • d’Sangen am Spidol um Hellegen Owend
    • 2 mol am Joer ginn si op den Ausflug : * an der Ouschtervakanz fir eng Woch
      ( 2007 waren si op Prag, 2008waren si op Roum an 2010 op Barcelona) * virun der grousser Vakanz fir een Dag  an ee Park.
    Responsabel vum Grupp sin:
      • Christine Goy
      • Stéphanie Lopes
      • Fränzi Kemp
      • Sara Mack
      • Albert Reiland
      • Jean Bosco Rwasha
      • Joelle Scholer
      • Mia Weydert
      • Änder Wolter
      • Noémie Wolter

Kontakt: André Wolter  (Tel : 51.21.03 /email : woltera@pt.lu)
Paschtoueschhaus : 51 15 46

Equipe d’Entraide de Saint Vincent de Paul

an « Leprafrënn » Diddeleng
  • D’Equipe d’Entraide de Saint Vincent de Paul ass en organiséierte Grupp vu Fraiwëllegen, déi sech zum Zil gesat hunn, hire Matmënschen bäizestoen a si a schwierege Situatiounen ze ënnerstëtzen. Ënnerstëtzt ginn zum Beispill Familljen, bedürfteg oder krank Mënschen, Mënschen mat engem Handicap, Kanner, Leit déi eleng oder net méi mobill sinn, a.s.w. Bei där Ënnerstëtzung, déi punktuell oder iwwer eng bestëmmten Zäit ka sinn, läit den Accent op der onbürokratescher Hëllef. Dobäi ass de perséinleche Kontakt zum Matmënsch wichteg.

    Aktivitéiten:

    • Krank an al Leit an der Klinik oder am Altersheim besichen.
    • Mënschen, déi eleng sinn, Gesellschaft leeschten a Kommissionen fir si maachen.
    • Leit bei den Dokter begleeden.
    • Familljen, déi an Nout gerode sinn, ënnerstëtzen.
    • Iwwer eng “assistante sociale” Mënschen onbürokratesch mat klenge Geldbetreeg aushëllefen.
    • Stand um Oktavmäertchen „D’Leprafrënn“, eng Ënnersektioun vun der Equipe d’Entraide de Saint Vincent de Paul, ass eng Equipe vun e puer Dammen, déi sech all éischten an drëtten Mëttwoch vum Mount am Veräinshaus treffen, fir gestréckten Deeler zu Decken zesummenzesetzen, déi dann weider geleet ginn. De Grupp mécht reegelméisseg e gréisseren Don (Deel vum Erléis vun der Kaffisstuff vu “Fraen a Mammen”) un Leprastatiounen oder d’Missiounen.

Kontakt: Heli Goy (Tel.:  51 39 29)

Kathoulesch Männeraktioun

Zënter Joeren bekëmmeren sech e puer Diddelenger Hären em d’Weiderbestoen vun der KMA, Sektioun Diddeleng. Eis gréisst Aktivitéit ass all Joer um Pällemsamschdeg, wann de Männerkräizwee op de Gehaansbierg geet. En historesche Site, wou schons fréier d’Leit biede gaange sinn.

Mir zielen am Moment nach eng 70 Memberen a froen e Beitrag vun 12 € pro Joer. 10mol am Joer kënnt eis Zeitung „Kathoulesch Aktioun“ mat villen interessante Berichter an Informatiounen eraus. Eisen Aumônier ass den Abbé Robert Sibenaler. Wéi vill aner Organisatiounen wären mir och frou, fir d’Weiderbestoen vun eiser Organisatioun ofzesécheren, wa mir eis Memberzuel duerch nei a jonk Memberen kéinten opbesseren. Männer déi interesséiert sinn fir bei eis matzemaache kënnen sech beim Abbé Robert Sibenaler am Paschtoueschhaus mellen - Tel. 51 15 46.
Kontakt: Abbé Robert Sibenaler am Paschtoueschhaus mellen - Tel. 51 15 46.
WortGottesDéngscht - Grupp
De Wortgottesdéngscht-Grupp vun eiser Pargemeinschaft kënnt regelméisseg zesummen:
  • fir selwer Texter vum Wortgottesdéngscht an aus der Mass kennenzeléieren, ze verdéiwen an ze verstoen.
  • fir déi biblesch Texter anzeféieren an eventuell duerch Texter aus der Literatur an Traditioun ze ergänzen.
  • fir Wortgottesdéngschter ouni Eucharistiefeier ze gestalten.
  • fir eisem Matbrudder Jean Bosco am Ufank ze hëllefen bis hien e bëssen Lëtzebuergesch kann.
  • fir anzesprangen, wa stënterlech e Geeschtleche géif ausfaalen.


An dësem Grupp sinn:
Paul Braquet, Christiane Cloos, Marie-Rose Kickert, Constant Mikos,
Simone Schalz, Fränk an Nicole Strock, Cristina Theato, André Wolter